
CGFP Assurances
Avantagéis Konditioune fir Är Versécherung
CGFP-Memberen an hir Famill profitéiere vun engem optimale Schutz zu avantagéise Konditiounen. Dir sidd do fir anerer, mir sinn do fir Iech. Kontaktéiert eis fir weider Informatiounen.






CGFP Assurances
Zanter 2012 fir Iech do.
CGFP Assurances gouf den 22. Februar 2012 vun der Assurancëgesellschaft Baloise a CGFP Services a.s.b.l. gegrënnt; 50,10% vun den Aktie gi vu CGFP Services a.s.b.l. a 49,90% vum Grupp Baloise zu Lëtzebuerg gehalen.
Den Zweck vun der Gesellschaft ass et, de Membere vum Confédération Générale de la Fonction Publique (CGFP) eng personaliséiert Berodung fir de Schutz vun hirem Besëtz an hirer Famill ze bidden.
CGFP Memberen an hir Famille hunn Zougang zu innovativen a komplette Versécherungsléisungen, déi an Zesummenaarbecht mat Baloise entwéckelt goufen, zu ganz attraktive Präisser. All d’Mataarbechter vu CGFP Assurances si beméit Iech e reaktiven a professionelle Service unzebidden.
Är Besoinen, eis Versécherungsléisungen
Entdeckt eis Versécherungsprodukter zu avantagéisen Tariffer fir CGFP Memberen.

Sech fortbeweegen
- Versécherung fir Autoen
- Versécherung fir Motorrieder
- Reesversécherung

Wunnen
Profitéiert vu personaliséierte Léisunge fir Äert Haus oder Appartement ze versécheren:
- Versécherung fir Proprietären
- Versécherung fir Locatairen

Schützt Iech selwer an anerer
E klengen Tëschefall an alles geet op d’Kopp … ausser Dir adoptéiert de richtege Reflex mat enger passender Versécherung :
- Haftflichtversécherung,
- Onfallversécherung

D’Zukunft virbereeden
- Pension Plan : Zousazpensioun
- Kids Plan : Fir d’Zukunft vun Äre Kanner
- Life Plan : kombinéiert Spueren a Virsuerg

Profitéiert vun avantagéise Konditioune fir Är Versécherungen


Firwat CGFP Assurances wielen?
- Komplett Versécherungsofdeckungen
- Avantagéis Konditioune fir CGFP Memberen an hir direkt Famill
- Séieren a kompetente Service
- Partnerschaft mat Baloise, enger Assurance déi zanter méi wéi 130 Joer am Grand-Duché etabléiert ass.

Kontaktéiert eis
CGFP Assurances
Adress
18, rue Érasme
L-1468 Luxembourg
Telefon
Eis Ëffnungszäiten:
Agence:
Méindeg – Freideg
08h30 – 12h00 & 13h30 – 16h30
Telefon:
Méindeg – Freideg
08h30 – 12h00


Kontaktéiert eis

